Bistro (Céline) – ARA Podcasts: Recent Episodes

Mond Op a.s.b.l.

All d'Podcasts vum Radio ARA, vu Graffiti an ARA City Radio

View Details

Den Autosfestival steet virun der Dir. Vill Leit froen sech, wat fir een Auto se solle kafen: Ee bekannte Verbrenner, ee Plug-in-Hybrid oder dach ee vollelektreschen Auto? Mir stellen eis d’Fro, ob et 2021, an enger Pandemie a matzen an der Klimakris, iwwerhaapt ubruecht ass, een Auto ze kafen.

View Details

Coronaleugnerinnen, Impfkritikerinnen, Qanon – Verschwörungsmythen hunn Konjunktur. Mä wisou fänke Leit un, un esou Erzielungen ze gleewen an beweegen sech ëmmer méi vun der Realitéit fort? Mir widmen eis dës Woch där Fro an probéieren och ze erklären, wéi een am beschte mat Leit ëmgeet déi un esou Mythen gleewen.

View Details

Wann een u Lëtzebuerg an Zigaretten denkt, dann denkt een direkt dorunner, datt de Grand-Duché mam Verkaf vun Tubak vill Steiersue verdéngt. Véier grouss Tubaksfirme gëtt et, déi ronn 60 Prozent vum Marché ausmaachen. Dës Multinationale versichen natierlech och, méiglechst wéineg Steieren ze bezuelen. Mir hunn eis een Rapport dozou ukuckt, an deem natierlech och Lëtzebuerg virkënnt. Do gi mir da gewuer, wat […]

View Details

Dës Woch beschäftege mir eis mat engem Thema, vun dem net dacks geschwat gëtt. Zwar wëssen déi meescht Leit, datt och am Prisong Drogen konsuméiert gëtt, mä wéi d‘Situatioun genee ass, doriwwer gëtt wéineg geschwat. Een néie Rapport vun der Ombudsman Claudia Monti ass op d‘Situatioun agaangen an huet e puer Pistë gewisen, wéi déi Situatioun verbessert kéint […]

View Details

Kann een Gesetz d’Klima retten? Mir hunn eis dës Woch dat neit lëtzebuergescht Klimagesetz méi genee ugekuckt. Ee vun den Haaptkritikpunkte sinn déi feelend sektoriell Ziler, mä et ginn awer och  nach aner Schwaachpunkten. Wat huet et mat deene Prinzippien op sech, déi am Fong an dësem Gesetz sollte stoen, mä dunn erëm gestrach gi sinn? Mir hunn déi […]

View Details

Mir schwätzen dës Woch doriwwer, wéi den zweete Lockdown de Kultusektor getraff huet. Grad am Theater ass an deene leschte Méint probéiert ginn, déi sanitär Mesuren esou gutt wéi méiglech ëmzesetzen, an trotzdeem mussen d’Haiser elo zoubleiwen. Eng Grupp vu Leit, déi besonnesch haart getraff ginn ass, si fräischaffend Kënschtler*innen, déi elo kee Revenue hunn. Mir analyséieren d’Situatioun a ginn een […]

View Details

2020-11-27 Bistro: Interview avec PADEM Luxembourg – Novembre 2020 http://www.ara.lu

View Details

An bëssi méi wéi zwou Wochen ass et esouwäit: Den Tram fiert bis op d‘Gare. Doduerch änneren sech eng ganz Rëtsch Fuerpläng an Horairen. Wéi fënnt een sech dann nom 13. Dezember am ëffentlechen Transport erëm? Mir hu probéiert, den Iwwerbléck iwwert d‘Ännerungen ze kréien, wat guer net esou einfach war. Mir schwätzen awer och […]

View Details

2020-11-24 Bistro: Interview mam Paul Kirps Expo at Neimenster until the 31st of January http://www.ara.lu http://paulkirps.com/ http://www.neimenster.lu Pix by Paul Kirps (Sources)

View Details

2020-11-19 La Chronique Sans Nom d’Alex Monteiro au ARA Bistro “L’anniversaire de mon fils”